| Sign up now, it's free! |
BlogBildwierderbuch elo mat Sprooch, plus eng nei Diktat-App.July 19, 2021by jos
Mam aktuellen Update gëtt et elo eng Sprooch-Funktioun fir d'Majoritéit vun alle Wierder am Bildwierderbuch, an zwar op Englesch, Däitsch a Franséisch. Klick einfach op d'Lautsprecher-Symbol d'Wuert auszeschwätzen ze loossen, dat grad ugewise gëtt. Et gëtt dann elo och eng entspriechend Diktat-App, déi Wierder ausschwätzt a passend Biller affichéiert. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli Schéi Vakanz!July 15, 2021by jos
D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler, Enseignanten an Elteren eng schéin an erhuelsam Vakanz. Nodeems mer während dem Homeschooling am Joer 2020 virun allem Funktiounen entwéckelt haten, déi d'Enseignanten urgent gebraucht hunn, goufen et an dësem Schouljoer rem ganz vill nei Features, hei just e puer Highlights:
D'Aabecht un der Plattform geet an der Summervakanz selbstverständlech weider, an déi nächst Neierunge si schon an der Entwécklung! Vill Spaass an Erfolleg weiderhin mam Oli wënscht Deng Equipe vum Oli Iwwer 10.000 nei Fotoen am BildwierderbuchJuly 12, 2021by jos
Vun elo un ginn et am Bildwierderbuch nierft de gemoolte Biller och Fotoen, déi einfach mat der Sichfunktioun kënne fonnt ginn. Et ginn de Moment scho méi wéi 10.000 Fotoen an der Datebank, déi all no Schlësselwierder a verschiddene Sproochen indexéiert sinn. Bal all Fotoen sinn ënner gratis Lizenzen verfügbar, sou dass du se als Schüler oder als Enseignant an dengen eegene Wierker (online an/oder geprint) benotze kanns ouni e Copyright ze verletzen. Vill Spaass mam Update! Deng Equipe vum Oli Nei App Screenshots a Beispiller vun AarbechtsbliederJune 28, 2021by jos
Vun elo un si fir all wichteg Apps Screenshots a Beispiller vun Aarbechtsblieder online, sou datt een d'Méiglechkeete vun der Plattform a vun den eenzelnen Apps direkt gesäit: http://oli.lu/examples/apps/ Zousätzlech erschénge Beispiller elo och direkt nom Login an den Newsfeeds vun den eenzelne Benotzer. Doriwwer eraus goufen d'Multiplikatiouns-Tabellen an d'Stellentafeln komplett iwwerschafft. Vill Spaass mam Update wënscht Deng Equipe vum Oli 8 nei Apps fir Sproochen ze léieren an ze übenJune 21, 2021by jos
Insgesamt 8 nei Léierapps sinn elo am Beräich "Sproochen" online. All Apps hunn Accès op déi integréiert Wuertlëschten (Däitsch, Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch) souwéi op d'Bildwierderbuch, an als Enseignant kanns du och eege Wuert- a Vokabellëschten erstellen. Bal all Apps kënne souwuel Online-Übunge wéi och dréckbar Aarbechtsblieder am PDF-Format generéieren, an d'Astellunge kënne gespäichert a mat Schüler als Exercice gedeelt ginn. Hei d'Lëscht mat de neien e-Learning Apps: 1. Schreif Sätz (Sätze mit dem Wortschatz) 2. Wierder bei d'Biller schreiwen 3. Wuert a Bild verbannen 4. Wortsalat (Buchstawe si vertosch) 5. Wierder fannen 6. Richteg oder falsch? 7. Kreuzworträtsel 8. Ausgeschnidden & pechen All App an all Online Exercice kann elo och mat anere Benotzer iwwer e QR Code gedeelt ginn, a Kaarten mat QR Code kënnen och als PDF Dateie generéiert ginn. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli
|


| 120 | + | 53 | = | 173 |
| 75 | - | 18 | = | 65 |
![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() | ![]() |
