Blog

Nei Versioun vun der Vokabel Web App

May 03, 2021
by jos

Déi nei Versioun vun der Vokabel Web App, déi komplett nei entwéckelt ginn ass, ass elo online.

Déi nei App ënnerstëtzt elo 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch), an du kanns d'Source- an d'Zilsprooch selwer wielen. Doriwwer eraus ass d'App komplett mat eiser Biller-Datebank integréiert, sou dass een och mat Biller léiere kann.

D'Web App ka souwuel Online-Aufgaben wéi Aarbechtsblieder generéieren (inklusiv Korrekturen), an et gi souwuel Schreifaufgaben wéi och Multiple Choice Übungen ugebueden, natierlech och mat Biller.

Den integréierte Vokabulär ass elo a Kategorien agedeelt déi fräi ausgewielt kënne ginn, an Enseignante kënnen elo och eegen Wuert- a Vokabellëschten an hire virtuelle Klasse späicheren.

Übungen an Aarbechtsblieder kënnen elo och gespäichert ginn an de SschülerInnen sou direkt an der virtueller Klass zur Verfügung gestallt ginn.

Vill Spaass mam Update!

Deng Equipe vum Oli


Für Schüler

Übe & lerne mit unseren zahlreichen kostenlosen e-Learning Apps.
Erstelle & veröffentliche Projekte, teile dein Wissen.

Für Eltern

Kostenlose Arbeitsblätter und Online Trainer für deine Kinder.
Mathematik, Spachen, Wissenschaft, Geschichte, Geographie, Chemie & mehr...

Für Lehrer

Erstelle individuelle Arbeitsblätter sowie Arbeits- und Wochenpläne.
Verwalte Pläne, Texte und Dokumenter in einer virtuellen Klasse.