Sign up now, it's free! |
BlogDirekt Links op Apps, Übungen, Dateien a Websäiten an der Virtueller KlassApril 19, 2021by jos
Vun elo un kënnen Enseignanten an der virtueller Klass direkt Linken op dacks benotzten Apps, Übungen, Dateien a Websäiten ënner "Aarbechtsblieder an Übungen" bäifügen. SchülerInne kënne esou séier Aufgaben an Übunge erëmfannen, déi se da regelméisseg widderhuele kënnen. Als Enseignant kanns du och Aufgaben zur Verfügung stellen, déi speziell un d'Besoins vun denger aktueller Klass oder der aktueller Unitéit ugepasst sinn. Linken kënnen eenzel aktivéiert oder deaktivéiert ginn, sou datt Aufgaben, déi regelméisseg solle widderholl ginn, un- oder ausgeschalt kënne ginn. Du kanns och entscheeden, ob Links fir all SchülerInnen ugewise solle ginn, oder nëmme fir eenzel Gruppen. Vill Spaass mam Update Denq Equipe vum Oli Nei Billerserie an Aarbecht...April 06, 2021by jos
Mir hunn elo de nächste Set vu 500+ Biller fir d'Plattform gezeechent. Als nächst gëtt mat Touche nogezeechent, gescannt, an da faarweg gemaach, dat dauert also nach e bëssen... Déi definitiv Biller ginn ënner enger fräier Lizenz verfügbar gemaach, sou datt se ouni Limite weiderbenotzt kënne ginn. Verbesserten Upload-ToolMarch 01, 2021by jos
Haut hu mir eng nei Versioun vun eisem Upload-Tool agefouert, deen am Website Manager an den Online Project Manager Apps benotzt gëtt. Dat neit Upload-Tool erlaabt eng Datei direkt op e Standard-Upload-Standuert ze späicheren, an déi gewielte Datei gëtt dann automatesch an e Paragraf derbäigesat. Eroplueden an eenzel Dateien op Websäiten a Projete bäifügen sollten also elo vill méi séier a méi einfach ginn. Vill Spaass mam Update Deng Equipe vum Oli Nei Kreativ AppsNovember 15, 2020by jos
Mir hunn just eng nei "Konscht & Kreativitéit" Sektioun bäigefüügt mat fënnef neie kreativen Apps mat de Nimm "Sketch Art", "Color Mixer", "Mandala", "8 Bit", an "Guitar Fretboard". Vill Spaass mam Update! Däin Oli Team Gudde Start an d'neit Schouljoer!September 15, 2020by jos
D'Equipe vum Oli wënscht alle Schüler, Elteren an Enseiganten e gudde Start an d'neit Schouljoer! Iwwer d'Summervakanz hu mir ganz vill weider Verbesserungen un der Plattform gemaach, déi den Homeschooling och an Zukunft wäerte méi einfach maachen. Och den Interface vun der Plattform gouf nach eng Kéier komplett iwwerschafft, sou datt de Site nach méi user-friendly ginn ass. Weiderhi vill Spaass mat der Plattform wënscht Deng Equipe vum Oli
|